D'USVF sinn doheem an der Gemeng Contern,
ongeféier 5km wech vum amerikaneschen Zaldoten Kierfent vun Hamm.
Schonn säit 1992 huet onse Veräin all eenzelt Graf vun den 5.097 Zaldoten vum
amerikaneschen Kierfent adoptéiert.
An esou kafen mir all Joer am Mee fir den Memorial Day, Rousen déi mir dann op déi eenzel Griewer vun den GIs léien. Bei all Kräiz gëtt dann och nach de lëtzebuerger an amerikaneschen Fändel gestach.
Verschidden Installatiounen oder Équipementer vum Kierfent sinn och vun onsem Veräin finanzéiert ginn.
Esou muencht Krich-Monument am Land oder Grenzregioun ass vun ons bezuelt oder erhalen ginn.
Houfreg droen mir onsen Fändel bei villen Zeremonien uechtert Land.
Zenter Joeren hu mir zesummen mat der Gemeng zou Houschent all 16. Dezember um 06:30h Moies fréi eng "Night Vigil" Zeremonie an Undenken un den Ufank vun der Ardennenoffensiv.
Vill vun der onser Energie gëtt all Joer an ons "Friendship Week" am Juni gestach an och an den Begleedung vun Veteranen an hiren Familljen déi op Besuch an onsem Ländchen sinn.
------------------------------------------------------------
Hei stelle mir Iech onsen Comité fir.
Well Dir wëssen wat mir am laf vum Joer esou organiséieren?
Oder fir Member ze ginn, ons ze ënnerstëtzen, méi Informatiounen iwwert onse Veräin ze kréien, ma dann zeckt nët an kontaktéiert ons per E-mail !